• Print Friendly


Save the date ! Oekofest 2023

An der gudder Traditioun vun der Oekofoire an och dem Oekofest 2022, invitéieren de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall no der Summerpaus op d’Oekofest 2023. Dësen Dag soll an éischter Linn erlaben, sech ze gesinn an auszetauschen an awer och no der Vakanz / dem Congé, d’Rentrée politique am Nohaltegkeetsberäich anzelauden. Grad am Waljoer 2023 gëtt et sécherlech genuch fir ze diskutéieren…

 

Haalt Iech elo schonn de Samschden, den 23. September fräi fir d’Oekofest am Pafendall fräi. Um 10.30 Auer geet et lass mat enger Ried vun der Presidentin vum Mouvement Ecologique, Live-Musek an enger satirescher Interventioun.

 

Weider Informatiounen zum Oekofest wäerten am Laf vun de nächste Wochen online gesat ginn (www.meco.lu).

 

 

 

 

 

28.07.2023