• Print Friendly


Oekofest 2022: Diskussiounen, Austausch, Party a Politik

Bei guddem Wieder huet de Weekend am Pafendall ronderëm den Oekozenter d’Oekofest 2022 vum Mouvement Ecologique an dem Oekozenter Pafendall stattfonnt.

Vill Leit waren op d‘Ouverture komm,  bei der d’Blanche Weber, d’Presidentin vum Mouvement Ecologique an de Claude Turmes, den Energie- a Landesplaungsminister Riede gehalen hunn.

D’Oekofest ass virun allem e Fest fir sech no der Summervakanz ze begéinen, sech auszetauschen an iwwert aktuell Themen ze diskutéieren.

Zukunftchoix’en kloer benennen

Dem Blanche Weber seng Ried stoung ënnert dem Motto „Grad a Krisenzäiten Zukunftschoix’en kloer benennen an Decisiounen ëmsetzen“. De Claude Turmes ass sengersäits virun allem op den Ukrainkrich an d’Auswierkungen op Lëtzebuerg agaangen. Natierlech stoung och den Tripartiteaccord am Fokus, mat den domat verbonnenen soziale Froen  (d’Riede fannt Dir en Annexe am Film, déi vum Blanche Weber fannt och als Text am Link).

Fir gutt Stëmmung hunn eng ganz Partie Musiker:Inne gesuergt. Hier Konscht zum Beschte ginn hunn de Wojda Wolter Sales Trio, d‘Marly Marques a säi Grupp, d’Band Alfalfa, The Tame and The Wild an den David Ascani & Band. Musikalesch ofgeschloss gouf den Owend vum Pascal Karenbo et les Garagistes Sall vum Sang&Klang  vis-a-vis vum Oekozenter..

Ma virun allem och d’Visitten – d’Gréngs am Pafendall, den Aquatunnel an dat „wëllt Nuetsliewen an der Stad“ hunn esou muncher een ugezunn. Esou konnt een d’Stad emol anescht kënne léieren an och Originelles an Interessantes gewuer ginn.

Spontane Punk-Concert

E spontane Punk-Concert gouf et Mëttes beim Info-Stand vum move. – der Jugendorganisatioun vum Mouvement Ecologique. Hiere Stand huet ronderëm den Thema „lieweg Uertschaften fir de Mënsch“ gedréint. Jidderee konnt „seng“ Plaz gestallten. En hat ee „succès fous“ an dat loung wuel net nëmmen um leckere Cocktail deen et do ze drénke gouf.

Vill Leit huet och de bekannte Krimiauteur Tom Hillenbrand ugelackelt. Dem Däitsche Schrëftsteller seng Kriminalromaner spillen zu Lëtzebuerg, säi leschte souguer am Pafendall. Ob eng ganz lieweg Aart a Weis huet hien aus sengem leschte Buch „Goldenes Gift“ virgedroen.

Fir eng flott Distraktioun vun de Kléngen huet dem Pit Vinandy säi Poppentheater gesuergt.

De gudde Maufel

Net manner wichteg natierlech war de gudde Maufel an d’Gedrénks. Fir d’Iessen huet de Restaurant Oekosoph gesuergt an de de Grupp veggie-table.lu huet seng gutt bekannte Paangecher gemaach. De Kascht (an och d’Gedrénks) waren natierlech Bio wei dat sech gehéiert.

Vun dräi Auer Mëttes bis spéit an d’Nuecht eran hunn d’Leit a gudder Atmosphär matenee geschwat a bei engem Patt diskutéiert – och iwwer déi wichteg Erausfuerderungen déi sech dem Land an dem Planéit elo stellen.


Ried vum Blanche Weber,

Presidentin vum Mouvement Ecologique

Ried vum Claude Turmes,

Energie- a Landesplanungsminister


 

Impressioune vum Oekofest 2022