Nei Kloterplanze beim Oekozenter am Pafendall
Mataarbechter vum Oekozenter a vum Mouvement Ecologique hu vum schéine Mäerz-Wieder profitéiert fir d’Planzevilfalt ronderëm den Oekozenter nach e bësschen ze vergréisseren.
Geplanzt goufe verschidde Kloterplanzen – souwuel „Selbsklimmer“, déi sech selwer vun der Mauer festhalen, wéi och „Ranker“, déi e Gerüst brauchen un deem se sech ofstäipen, resp. dat se ëmklamere kënnen:
- Wëlle Wäin – Hien gehéiert zu de „Selbstklimmer“ an hält sech iwwert „Haftscheiben“ un enger Mauer oder Fassade fest a kann tëscht 12 bis 20m héisch wuessen. E blitt tëscht Juni a Juli a seng Blieder fierwen sech orange/rout am Hierscht wat ee wonnerschéine faarwegen Akzent sëtzt. De Wëlle Wäin wiisst souwuel an der Sonn, wéi och am Hallefschied.
- Clematis – Si gehéiert zu de „Blattranker“ a brauch eng Kletterhëllef: e Gitter oder Seel-System. Et ginn iwwert 300 verschidde Clematis-Aarten, déi a ganz verschiddene Situatioune kënnen agesat ginn. Ma de Fouss vun der Planz soll ëmmer am Schied stoen.
- Geissblatt – Si ass och e „Blattranker“ a wiisst 2-5m héisch. Si blitt vu Juni bis Oktober an hier Bléien si bekannt fir hiren extra gudde Geroch, deen se virun allem Owes verbreeden. Si wiisst immens schnell (25+ cm / Jahr) a muss e bësschen am Schach gehale ginn.
- Kletterrous – Si ass ee „Spreizklimmer“, brauch also och eng Kletterhëllef. Si huet gäre sonneg Standuerter a gëtt 3-5 m héisch. Och hei gëtt et eng grouss Auswahl, ma et sollt een drop uechten eng Rous auszewielen, déi KENG gefëllte Bléien huet. Déi hunn nämlech keng Polleblieder a kënnen dofir keng Beie mat Pollen an Nektar versuergen.
E
t ginn ëm déi 65 Kloterplanzen, déi och fir d’buedemgebonne Fassadebegréngung agesat kënne ginn.
Eng Fassadebegréngung huet vill Virdeeler, well se kann::
- d’Uewerflächentemperatur vun der Fassad em 8 bis zu 19 °C reduzéieren;
- 20-30 % vun de Stéckstoffdioxiden (NO2) aus der Loft filteren;
- 26 % Primärenergie (Heizen & Killen) aspueren, am Verglach zu konventionellem Sonneschutz un enger Südfassad;
- 49 % Primärenergie (Heizen & Killen) aspueren, am Verglach zu enger Südfassad ouni Sonneschutz.
Dir hätt och gären eng Kloterplanz bei Iech um Haus oder am Gaart? Dann informéiert Iech op www.naturelo.meco.lu/tipps/gebaudebegrunung/. Hei fannt Dir eng sëllegen Informatiounen wéi Dir bei enger Fassadebegréngung am beschte kënnt virgoen an op wat Dir oppasse musst.
05.04.22







