Nei Broschür vu move.: Iesse fir d’Zukunft an denger Schoul!

Hues du dech schonn eemol gefrot, wat d’Iessen an denger Schoul mat der Zukunft vum Planéit ze sinn huet? Genee dorëms geet et an der neier Broschür vu move. “Iesse fir d’Zukunft an denger Schoul”: Wéi kënne mir d’Iessen an de Kantinnen esou gestalten, dass et lecker a gläichzäiteg gesond a gutt fir de Schutz vun Déieren, Klima an Ëmwelt ass? 

 

Op der Sich no enger Äntwert huet move. eng Ëmfro an de Lycéeë gemaach, en Interview mat der Directrice vu Restopolis, eng Recherche vu Beispiller am Ausland an een „How to“, fir Schüler:innen an Schouldirektiounen Iddie mat op de Wee ze ginn, wéi een eppes verännere kann. Alles dat an nach méi kann een an der Broschür noliesen. Méi Informatiounen zur Campagne, déi ganz Broschür an e Pressecommuniqué fannt Dir hei um Site vu move.

 

Op Ufro kënne mir Iech gär Broschüren zoukomme loossen (op lëtzebuergesch, 10 Säiten, A5).

 

 

 

 

 

 

 

13.02.25