Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Nee zum Schottergaart – Jo zum naturnoe Gaart

Och zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi Schottergäert. Op d’Problemer déi dës Schottergäert mat sech bréngen, wëlle mir opmierksam maachen an hunn Iech gefrot, eis Fotoe vu Schottergäert awer och vun naturnoen (Vir-)Gäert eranzeschécken.

Am direkte Vergläich erkennt een d’Problematik schonn zum Deel: keng einheimesch Bléieplanze bedeit kee Liewensraum fir Insekten, Vullen an aner Déieren. Et feelt u Liewen. Et ginn awer nach vill aner Grënn, firwat mir op esou Schottergäert verzichte sollen. Wéi eng dës sinn gitt Dir hei gewuer:  http://naturelo.meco.lu/projekt/schottergaeert/

Schéckt och Dir eis Är Fotoen vu grujelechen Schottergäert a faarwegen naturnoe (Vir-)Gäert op meco@oeko.lu.

Mir publizéieren se reegelméisseg op eiser Internetsäit  an op eiser Facebook-Säit