• Print Friendly


Nationale Kongress vum Mouvement Ecologique

Mierkt Iech den Datum vum nationale Kongress vum Mouvement Ecologique fir! Den Freiden, den 24. Mäerz um 18.00 Auer, mat engem klengen Buffet:

Domat kënnt de Mouvement Ecologique dem Wonsch vun enger ganzer Rei Memberen entgéint, déi léiwer e Kongress Owes wéi op engem Samschde Mëtten hunn. Niewent dem statutareschen, engem kuerze Réckbléck op 2022 an engem Austausch fir 2023 steet den Thema „Um Wee an eng nohalteg Gesellschaft: D’Roll vun der Politik, vun der Zivilgesellschaft a vum Eenzelen“ am Fokus. Grad an engem Waljoer ass d’Fro, wat de Roll ass vun de verschiddenen Acteuren an der Gesellschaft fir datt déi ekologesch-sozial Transitioun gelénge kann: Muss d’Politik méi maachen a gestalten? Wei vill Akzeptanz brauch se, huet se? Oder muss si méi Courage a Wäitsiicht weisen? Oder muss de Verbraucher, den Eenzelen oder Initiative „vun ënnen“  Virreider si vun der Transitioun? Wat ass de Roll vun enger Net-Regierungsorganisatioun  wéi dem Mouvement Ecologique ? Dës an aner Froe wëlle mir zesummen diskutéieren: si sinn a villen Hisiichte ganz wichteg fir den Engagement!

Virun allem awer och wëlle mir den Owend zesumme mat engem klengen „Iessen“ gemittlech ausklénge loossen. Et ass immens wichteg, datt Dir als Member um Kongress deelhuelt, och wann Dir selwer net aktiv un Aarbechten deelgeholl hutt. Domat weist Dir Är Solidaritéit mat dem Mouvement, weist den Aktiven, datt sech hiert Engagement lount. A natierlech kënnt Dir och positiv oder kritesch Umierkunge maachen. Grad an dësen Krisenzäiten ass et wichteg, sech gemeinsam esou weiderhin Courage ze maachen!

 


Motionsentwurf 2023