Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


move. op der „Wir haben es satt“ Demo zu Berlin

Wir haben es satt“ – net ouni move.!

Endlech war et nees souwäit: D’Demo „Wir haben es satt“, déi säit 2011 all Joers zéngdausende Leit op d’Stroosse vu Berlin zitt, huet no 2 Jore pandemiebedéngter Paus nees stattfonnt – a move. war natierlech mat dobäi!

Ënnert dem Motto „Gutes Essen für alle, statt Profite für wenige“ si ronn 10.000 Mënschen an der däitscher Haaptstad fir eng nohalteg Landwirtschaftspolitik demonstréiere gaangen. Dëst virum Hannergrond vun der Energiekris an dem russeschen Ugreffskrich, déi et engersäits fir ëmmer méi Mënschen erschwéiert, sech gesond an nohalteg Liewensmëttel leeschten ze kënnen. Op der anerer Säit sti grouss Konzerner, déi un der Spekulatioun mat klammende Liewensmëttelpräisser ëmmer méi verdéngen.

 

„Essen ist politisch“!

Zesumme mam Wir haben es satt-Bündnis, dat aus iwwer 60 däitschen Déiereschutzverbänn, Ëmwelt- a Naturschutzorganisatiounen, sozialen Organisatiounen a Bauerevertiedunge besteet, hu mir eis dofir géint déi aktuell Agrarindustrie a-politik ausgeschwat. Et gëtt héich Zäit fir eng ëkologesch, klima- a sozial gerecht Landwirtschaft, déi d’Wuel vu Mënsch an Déier an de Mëttelpunkt stellt an eng gutt a gesond Ernärung fir jiddereen:t erméiglecht. Am Kader vun der Demo war dann och d’Iwwerreeschung vum „6-Punkte-Plan für gutes Essen für alle“ un den däitschen Agrarminister Cem Özdemir. Hei fannt dir de 6-Punkte-Plang vun der Demo

 

Wat muss sech an den Aen vu move. änneren?

Mëttlerweil war et déi véierte Kéier, datt move. op Berlin gefuer ass, fir sech dëser Demo unzeschléissen. Net nëmmen an Däitschland ass d’Transitioun hin zu enger nohalteger Landwirtschaft vill ze lues an onambitionéiert. Och hei zu Lëtzebuerg ass nach vill Loft no uewen.

  • Mam neien Agrargesetz eis Landwirtschaft méi nohalteg maachen: Mir brauchen en Agrargesetz, dat sécher stellt datt déi héich Subventiounen aus der Europäescher Gemeinsamer Agrarpolitik (GAP) hei zu Lëtzebuerg ganz am Sënn vun eise Klimaziler stinn, de Schutz vun eiser Biodiversitéit an eise Gewässer garantéieren an zousätzlech eng Perspektiv fir d’Baueren duerstellen.
  • De Bioaktiounsplang anhalen: Zil vum PAN Bio ass et, den Undeel vun de biologesch bewirtschafte Flächen zu Lëtzebuerg bis 2025 op 20% eropzesetzen. Bis 2050 wëll déi lëtzebuergesch Regierung op 100% Bio kommen. Aktuell si mir bei net méi wéi ronn 5%. Dat muss sech änneren! D’Bauerebetriber musse bei dëser Transitioun ënnerstëtzt ginn.
  • Méi bio, lokal, vegan a vegetaresch an de Schoulkantinnen: Fir dës Ziler vum Bioaktiounsplang ze erreechen, mussen et genuch Plaze ginn, wou Produiten aus biologescher Produktioun verschafft a verkaf kënne ginn. Restopolis kann do mat guddem Beispill fir d’Schoulkantinne virgoen. Fir de Klima ass et wichteg, net nëmme méi bio a regional ze kachen, mee och manner Fleesch. Zu Lëtzebuerg consomméiere mir méi ewéi dat Duebelt vun der Quantitéit Fleesch pro Dag, wéi dat, wat aus Gesondheetssiicht recommandéiert gëtt.[1]
  • Liewensmëttelverschwendung stoppen: 3,3 Gigatonnen Zäregase ginn all Joer vu verschwente Liewensmëttel fräigesat. D’Regierung huet sech als Zil gesat fir d’Liewensmëttelverschwendung bis 2030 ëm d’Hallschent ze reduzéieren. Initiative wéi den Onperfekt-Buttek mussen ënnerstëtzt a gefërdert ginn, fir dëst Zil och anhalen ze kënnen.
  • Reduzéierung vum Véibestand: Bauerebetriber sinn e wichtegen Deel vun der Léisung vun der Klima- a vun der Biodiversitéitskris. Dozou gehéiert och, datt d’Unzuel vun de Béischten nees deem entsprécht, wat eise Buedem an de Klima packt an d’Gesondheet vun den Déieren net gefäerdet.

 

 

 

 

 

Dee Weekend zu Berlin hunn ech immens intressant fonnt. Ech hu realiséiert wei vill Leit sech dofir engagéieren a fir eng méi nohalteg Landwirtschaft streike ginn. Dat war immens flott, well et war eng mega gäil Stëmmung op der Demo. Ech hunn do och nei Leit kennegeléiert an dat war och genial.“ (Laly, Member vu move.)

 

 

[1] LIST (2022): “DEKARBONISEIERUNG: dee richtege Wee! Eisen CO2-Foussofdrock zu Lëtzebuerg verstoen a reduzéieren“

 

25.01.22