• Print Friendly


move. goes cinema: „Brot“ (+Versammlung) – Donneschden, 22.10.20 um 17.30 Auer

D’Thema nohaltegt Ernierung interesséiert dech? Du wëlls gär wësse wéi hautzedaags ee vun eise wichtegste Liewensmëttel produzéiert gëtt? Da komm laanscht op e gemittleche Filmowend an de Kino op Beetebuerg !

Zesumme mam Ciné Paris organiséiert move. ee Screening vum Film „Brot“, dëst am Kader vun eiser Campagne fir méi biologesch, lokal a saisonal Produiten a manner Fleesch an de Kantinne vun eise Lycéeën.

De Film gëtt ab 18:30 gewisen (op Däitsch), de Präis fir d’Entrée si 6,50€. Fir move.Memberen a jiddereen deen och fir de Workshop den 23.10.20 ugemellt ass ass d’Entrée gratis.Et gëtt em schrëftlech Reservéierung un move@oeko.lu gebieden, wéinst Corona si leider just begrenzt Plazen zur Verfügung.

Dëse Film leeft net regulär am Kino, looss dir also net di eemoleg Geleeënheet entgoe fir de Film op der grousser Leinwand ze gesinn.

Dësen Filmowend am Ciné Paris zu Beetebuerg ass gekoppelt un eisen Brout-Atelier den 23sten Oktober béi deem mir den Projet 2000m2 besichen ginn, deen sech mat der Hierstellung vun Liewensmëttel weltwäit beschäftegt. Virun an no der Visitt vum Projet wäerten mir léieren wéi een handwierklech Brout aus den beschten Ingrédients hierstellt.

Offiziell Beschreiwung vum Film

Kein anderes Lebensmittel besitzt in unserer Kultur einen so zentralen Stellenwert wie Brot. Der Anschein des Natürlichen entspricht allerdings immer weniger der Realität: Brot ist längst von der Industrie vereinnahmt worden.

Engagierte Bäcker und Bäckerinnen auf der ganzen Welt halten mit viel Engagement und Fantasie dagegen. Aber die Fragen drängen sich auf: Wird das Brot der Zukunft zum künstlichen Produkt? Wird das Backhandwerk überleben?

Move. Versammlung mat aneren engagéierte Jonken um 17h30 am Kino

Den Filmowend fënnt am Kader vum Thema Landwirtschaft statt. Wann s du Loscht hues dech mat anere Jonke virum Film iwwert d’Thema „Biologesch, lokal a saisonal Produiten a manner Fleesch an de Kantinne vun eise Lycéeën“ auszetauschen, da komm laanscht!

Dësen Filmowend ass gekoppelt un een zweet Event vun move. den 23sten Oktober béi deem mir den Projet 2000m2 besichen ginn. Virun an no der Visitt vum Projet wäerten mir léieren wéi een handwierklech Brout aus den beschten Ingrédients hierstellt. Méi dozou hei: LINK

Du hues nach Froen? Maach einfach dem Étienne eng Email: etienne.degeest@oeko.lu