• Print Friendly


move. – déi néi Episode vun “Um Comptoir”

An der néier Episode vun „Um Comptoir“ dem intergenerationelle Podcast vu move. hunn mir den Dave Lefèvre, Architekt an Associé bei Coeba architecture, urbanisme & design als Gaascht.

D’Laura Dominicy vu move. schwätzt mat him iwwert d’Thema nohalteg Architektur. Dir kënnt dës Episoden a vill anerer op ara.lu, Spotify an Apple Podcasts lauschteren.

 

“Um Comptoir” am néien Design

Zousätzlech zu enger néier Episode freet sech move. awer och een néien Design kënnen ze präsentéieren. Kuerz virun der 10ter Episode vun dësem Projet bei deem déi Aktiv vu move. ëmmer nach esou vill Spaass hunn a wou nach vill Themen a Gäscht op der Wonschlëscht stinn, wollt move. den Design nach méi dem informelle Charakter vum Format upassen.

Mee och Abseits vum Design ass move. drun interesséiert ëmmer erëm Neies auszeprobéieren esou, dass dir iech fir déi iwwernächst Episoden z.B. op direkt zwee Gäscht freeën dierft.