Move. an denger Schoul!

An de leschte Méint war move. wéi gewinnt nees an enger Rei Schoulen ënnerwee, fir zesumme mat de Schüler:innen méi déif an d’Theme vun der Nohaltegkeet, Ëmwelt a Landwirtschaft eranzeklammen. E klenge Réckbléck op déi verschidde Formater a spannend Resultater.

 

Méi Informatiounen zu de Workshops fannt Dir hei

 

 

Zukunft vun der Landwirtschaft am Lycée Michel Rodange

Am Kader vun de Fuussendeeg, ware de Move. Enn Mäerz bei enger 4e am Lycée Michel Rodange op Besuch. Mat am Gepäck haten si e ganze Koup Videoen, Informatiounen a Motivatioun, fir zesumme mat de Schüler:innen e Workshop zur Zukunft vun der Landwirtschaft ze maachen. Wéi gewinnt ass bei dem Workshop och ëmmer eng ganz Ekipp vun de move.ler dobäi, déi sech am Virfeld vill mam Thema Landwirtschaft zu Lëtzebuerg ausernee gesat huet an Interviews mat Experte gemaach huet. De Video, dee mir fir de Workshop zesummegestallt hunn, kënnt Dir hei nokucken: Zukunft vun der Landwirtschaft – Workshop Intro

 

An den éischten zwou Schoulstonnen hunn d’Schüler:innen sech méi intensiv mat hirem Acteur ausernee gesat (Zivilgesellschaft, Politik oder Landwirtschaft), fir seng/hir Positioun besser ze verstoen. Dofir konnten si Interviews kucken, Artikele liesen, diskutéieren a selwer hir Recherche maachen. Dono war et Zäit fir dee méi kreativen Deel, fir dës Positiounen an enger Aart Rollespill an/oder Debat duerzestellen. Dat ass hinnen och op ganz originell Art a Weis gelongen. Si hunn eege Videoen zesummegeschnidden, en Theaterstéck virgedroen a mat Fotoen/virtuellen Hannergrënn geschafft.

 

 

Wann Dir interesséiert sidd, ee move. Workshop an Ärer Schoul ze organiséieren, da schreif eis einfach op move@oeko.lu