• Print Friendly


Mëttwoch, 22. Juni: den “aneren Nationalfeierdagowend” mat Blues-Concert

Den Oekosoph läit idyllesch am Pafendall. Kommt den 22. Juni laanscht, maacht e flotten Owend mat léiwe Leit.Genéisst och d’Musek vun der Blues-Formatioun 8BBB (8 Bar Blues Band) (ab 20.30). Dat bei Ham – gebootschte Gromperen an Zalot, natierlech am Bio – ( Vegetaresch Platen sinn och do), kuckt d’Freedefeier vum Pafendall aus … a wann Iech no Stad a méi Rummel ass, kënnt Dir ëmmer nach erop goen.  Eng Umeldung ass net néideg, ma erliichtert eis d’Organisatioun awer. Duerfir Merci wann Dir Iech géift umellen!
meco@oeko.lu, Tel. 439030-1.