Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Matmaach-Aktioun: Wanterquartéier gesicht – bitt dem Kéisécker eng Stopp fir déi kal Joreszäit!

Elo wou d’Deeg méi kuerz ginn, preparéiert de Kéisécker sech op säin alljäerleche Wanterschlof. Fir dësen ongestéiert a gesond ze iwwerstoen, brauch hien dofir eng gutt Stopp.

Dir kënnt him hëllefen an deems der eng gëeegent Kéisécker-Stopp an ärem Gaart bereet stellt.

Dat Einfachst ass, ganz nom Virbild vum Naturgaart, elo am Hierscht net ze vill propper ze raumen: e Koup Blieder als Polstermaterial, zougedeckt mat Äscht vum Heckeschneiden an engem ongestéierten Eck leie loossen, en Holzstapel mat e puer Brieder laanscht d’Gaardenhaischenmauer gestäipt … a schonn huet d’Däreldéier ideal Méiglechkeeten fir ënnerzekommen.

Vläicht kribbelt et iech allerdéngs an de Fanger fir e bëssen eppes ze knéchelen oder äre Locataire erlaabt iech déi uewe genannten « Wildnis » net. Da proposéiere mir iech zwee kéiséckertauglech Wanterquartéier.

 

De Modell « Paletthomska » ass e bësse méi rustikal, mee stellt eng Win-Win-Situatioun duer: nieft dem Quartéiercharakter bitt en och wäertvoll Plaz z.B. fir Kamäinholz ze stapele fir de Gaardebesëtzer.

 

 

 

Deen zweeten, scho méi sophistiquéierte Modell « Ygelhytta », léisst sech entweder duerch Camouflage-Techniken an de Gaart integréieren oder et kann ee senger Kreativitéit fräie Laf loossen.

 

 

 

Béid Modeller stinn am Beschten op enger méi roueger Plaz, mam Réck zu enger Gaardenhaischen- oder Garagemauer a kucke Richtung Südosten (Reen-ofgewante Säit).

 

D’Uleedung fir des 2 Modeller fannt dir hei