• Print Friendly


Manner Plastik zu Lëtzebuerg! Opruff fir un engem neie Projet matzehëllefen

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique wëllen zesummen e neie Projet an d‘Weeër leeden fir d’Reduktioun vu Plastik zu Lëtzebuerg virunzebréngen.

Déi lescht 3 Méint hunn den Oekozenter Pafendall an OUNI a Collaboratioun mam Mouvement Écologique déi éischt Editioun vum Zero Waste Challenge lancéiert. No dësem Erfolleg, wollte mir den Offall a Plastik weiderhin thematiséieren. Och op europäeschem Niveau ass den Ament Plastik e wichtegt Thema. D’EU Kommissioun huet eng Propose vun enger Direktive verëffentlecht fir de Plastik an Europa ze reduzéieren fir d‘Mier an d‘Ozeaner besser schützen ze kënnen. An dem Kader mussen d‘EU-Länner och konkret Moossnamen ergräifen fir eng Reduktioun vu Plastik z’erméiglechen.

D‘Iddi vum Projet wier souwuel d‘Konsumenten z’informéieren, ze sensibiliséieren an ze stäerken wéi och strukturell a politesch Ännerungen virzehuelen. Wat kéint politesch geschéien a wat kënnen d’Supermarchéen an d’Geschäfter dozou bäidroen?

Mir maachen dësen Opruff un all d‘Memberen déi intresséiert wieren un dësem Projet matzeschaffen.

Dir braucht keng Virkenntnesser! Just Loscht um Thema an un engem gewëssen Engagement.

Wat genau mir maache wëllen – wéi oft mir eis géinge gesinn… alles dat ass nach net kloer, a soll an enger éischter Diskussioun zesumme beschwat ginn.

Fir de Projet besser ze definéieren an eis Prioritéiten festzeleeën wollte mir eis eng éischte Kéier am September gesinn…. an da kucke wéi et weider geet a wien Loscht huet. Wann dir intresséiert sidd dann schreift eis op: emweltberodung@oeko.lu oder rufft eis un: 43 90 30 44. Mir maachen mat de Leit déi sech mellen dann en Datum of, un deem et esou ville Leit wéi méiglech geet.

Mir soen Iech Merci a freeën eis op e flotten Austausch a Projet.