Demokratie – Bürgerbeteiligung
  • Print Friendly


Maacht mat bei der Meco-Wahlcabine!

Wéi Parteien Affiche maache, wëlle mir mat Iech als „Kandidat/in“ Wahlplakater maache, mat virun allem 10 engagéierte Thesen fir eng lieweswäert Zukunft wéi beispillsweis: „Absolut Prioritéit fir den ëffentlechen Transport, och op Käschte vum Auto!“.
Ënnert dem Slogan „ESD-Ech stin derhannert!“ soe mir kloer zu wat mir stinn. Jidfereen ass invitéiert matzemaachen an des Zieler ze ënnerstetzen andeems e sech hannert dës Propositioune stellt. Ma jiddferen kann awer och seng eege Fuerderungen opstellen.

Wëllt Dir d’Iddie vum Mouvement Ecologique ënnerstëtzen?
Wëllt Dir nei Iddien an d’Wahldebatten abréngen? Da soot eis Är Prioritéite fir d’Wahlen!
Wëllt Dir Är Wahlaffiche u Kollegen, Parteien … vermailen?

Da réaliséiert Är eegen Wahlaffiche op eisem Site www.wahlcabine.lu, dien ab dem 28. Abrëll online ass! Oder kommt bei eis laanscht a loosst Iech fotograféieren: Mir sinn bis den 7. Juni op ville Plaazen am Land ennerwee.

2009_bDSC_0017.jpg