• Print Friendly


Liewensraum Stad – op de Spuere vum Uhu

Dënschdeg 25. Abrëll, um 18h30 am Oekosoph, Oekozenter Pafendall  

 

Iwwert déi läscht Joren ass den Uhu ëmmer méi oft an eise Stied an Dierfer unzetreffen? Wéi ass et ze erklären, datt den Uhu sech hei ugesidelt huet? Wat seet dat iwwert aner Aarten an a ronderëm dem urbane Raum aus? Ass et wëll sech d’Situatioun vun der Biodiversitéit verbessert huet oder gëtt et aner Grënn? An engem flotte Virtrag, erkläert de Biolog Roger Schauls d’Bedeitung an d’Verännerungen, déi duerch de Retour vu Gräifvigel wéi dem Uhu entstinn.

 

No der Präsentatioun besteet d‘Méiglechkeet nach ee gesellegt Iesse beim Lou am Oekosoph zesummen ze genéissen. Um Menü steet eng Tarte flambée (mat oder ouni Speck) mat Zalotebuffet a Schockelaskuch als Dessert.

 

Umeldung: iwwer E-Mail un inscription@meco.lu oder iwwer Telefon 439030-1. Schreift wgl. dobäi op Dir och beim Iessen dobäi sidd, an op Dir Är Tarte flambée gären mat oder ouni Spéck iesst.

 

Präis fir d’Iessen: 25€/Persoun

 

03.04.23