Landesplanung – Urbanismus
  • Print Friendly


Landesplanung, Siedlungsentwécklung, Schutz vun de Landschaften…. Wou sti mäer?

den Dënschden, 4. Dezember um 17.45 an der Jugendherberg an der Stad am Pafendall, rue Fort Olisy

Viru Joeren gouf den IVL-Konzept erstallt, mat hehren Zieler: Eis Uertschafte solle sech no „bannen“ entwéckelen, net weider an d’Gréngzon wuessen; bestëmmten Uertschafte (sougenannt „zentrale Orte“) sollte sech méi entwéckelen, anerer manner … a villes méi.

Elo rezent huet de Ministère e Bilan virgestallt awéifern d’Zieler vum IVL agehale ginn oder net: de Bilan iwwerrascht keen, den um Terrain d’Aen ophuet: Déi Zieler ginn am Ablack net erreecht, ma am Géigendeel total a Fro gestallt: Siedlungsentwécklung geet queesch duerch d’Land…

Elo da stinn och nach vill nei PAGen an de Gemengen un, wou dermatt ze rechnen ass, datt alt ërem net genuch den Zieler vun der Landesplanung Rechnung gedroë gëtt.

Da stin déi sektoriell Pläng nach un (Wunnengsbau, Landschaften, Aktivitéitszonen a Mobilitéit), déi demnächst sollen an d’Prozedur goen nodem d’Ännerung vum Landesplanungsgesetz iwwert d’Bühn ass, wat u sech sollt virun Ënn vum  Joer geschéien.

  • Wat heescht dat alles fir de Mouvement ? Wéini musse mir wou a wéi intervenéieren?
  • Wéi eng Aktiounen an d’Wee leeden?
  • Wat ka national, wat regional an a Gemenge geschéien?
  • Wat wären awer och eis politesch Fuerderungen, national a kommunal?

Um Member-Forum welle mäer de „point“ maachen an awer och gemeinsam iwwerleeën, wéi mäer solle weider virgoen.

Et gëtt Sandwich’en an och eppes ze drénken, fir eis di „däreg“ Diskussiounen ze erliichteren… Duerfir wier et flott fir Bescheed ze soen wann Dir wëllt un der Réunioun deelhuelen: meco@oeko.lu oder tel. 439030-1