• Print Friendly


Kongress 2024 vum Mouvement Ecologique

mat – nieft dem statutareschen Deel – engem Austausch mam Ëmweltminister Serge Wilmes

 

Wéini a wou: Donneschdes, den 21. Mäerz 2024 vun 18.15 Auer un am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg

 

Léiwe Member,

 

Et wier ganz wichteg a flott, datt Dir op de Kongress kommt, och wann Dir soss net aktiv sidd am Mouvement Ecologique. Duerch Är Präsenz um Kongress weist Dir Är Solidaritéit an Är Ënnerstëtzung fir de Mouvement, weist den Aktiven, datt sech hiert Engagement lount. A natierlech kënnt Dir och positiv oder kritesch Umierkunge maachen. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg, sech gemeinsam esou weiderhi Courage ze maachen!

 

An et ass sécherlech interessant, dem neien Ëmweltminister „de Bols ze fillen“.

 

De genauen Oflaf vum Kongress fannt Dir an hei der Invitatioun .

 

Fir d’Organisatioun ze erliichteren a wéinst dem Iesse wier et léif, wann Dir Iech géift mat Zäiten umellen: meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1

 

 

 

07.03.2024