Bildung für nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Klimakris, Engagement, Walen a villes méi… Jonker schwätze mat en Dënsden den 11. Abrëll „Am Gudde Wëllen“ an der Stad

Et ass Superwaljoer, d’Parteie maachen sech prett fir de Walkampf, d’Bierger:innen zu Lëtzebuerg loossen sech duerch d’Programmer an Optrëtter vun de Politiker:innen informéieren an iwwerleeën, wéi eng Partei / Politiker:innen hiren Iwwerzeegungen am Nooste steet. Ma net nëmmen déi erwuesse Leit, mee och vill Jonker, ob scho stëmmberechtegt oder net, maachen sech Gedanken ëm hir Zukunft a wëlle matschwätzen.

 

Wéi vill Verännerung kënnen d’Wale bréngen an hu mir Jonker iwwerhaapt en Afloss dorop? Wat fir eng Theme sinn eis wichteg? Wéi kënne mir an dëser komplexer Welt mat ëmmer neie Krisen ee klore Kapp behalen? A wéi kenne Jonker, déi nach net wiele kënnen, hier Stëmm awer an der Diskussioun abréngen? Iwwert dës an nach vill aner Froe wëlle mir den Owend zesummen diskutéieren. Mir vu move., déi Jonk am Mouvement Ecologique, setzen eis dann dofir an, datt eis gemeinsam geschwaten Iddie Gehéier fannen.

 

Komm laanscht a so deng Meenung. Tausch dech mat anere Jonken an e puer “aalen Huesen” zu genau deenen Themen aus, déi dech beschäftegen, oder lauschter einfach no. Dëst an enger relaxer Diskussiounsronn mat Iessen a Gedrénks. So eis gären am Viraus Bescheed, ob du kënns, fir datt mir eis besser organiséiere kënnen.

 

  • Wou? Am Gudde Wëllen an der Stad (17, rue du Saint Esprit) um 1. Stack
  • Wéini? Dënschdes owes, den 11. Abrëll ab 18 Auer

 

Als klengen Input fir eisen Austausch huelen och Leit drun deel, déi sech scho säit e puer Walen duerfir engagéieren, datt Zukunftsthemen opgegraff ginn. Zesumme mat hinnen tausche mir eis iwwer hir Erfarungen aus. Firwat „gi si sech net“? Mier wëllen dat aus verschiddene Bléckwénkele kucken, deem vun engem aktive Politiker an awer och aus der Siicht vun enger zivilgesellschaftlecher Organisatioun. Mat dobäi sinn de Claude Turmes, Minister fir Energie a Landesplanung a fréieren Europadeputéierten an d’Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique.

 

Méi Infoën fannt dir hei: https://move.meco.lu/events/klimakris-engagement-walen-a-villes-mei-jonker-schwatze-mat/

 

 

 

06.04.23