• Print Friendly


Kierchen, Kräizer a Contournement

Samschdes, den 30. Juni vun 14.00 – 17.00 Auer
Rendez-vous virun der Kierch zu Sandweiler hannendrun)

D’Sektioun „Syrdall“ vum Mouvement Ecologique, an Zesummenaarbecht mat de “Frënn vum ale Sandweiler” (Santwilre) an dem Fierschter Remy Zahlen invitéiere ganz häerzlech op en Trëppeltour zu Sandweiler. Mir werfen zesumme mat den Häre Jos Feller a Marcel Wagner vun de Geschichtsfrënn e virwëtzege Bléck an d’Kierch, wou een Deel vum Mobilier aus dem Klouschter vum Knuedler staamt, a lauschtere wat déi puer al Kräizer eis ze erzielen hunn, déi stoe bloufen, wéi de Kierfecht geplënnert gouf.
Mir ginn dann duerch de Stawee, wou déi éischt Kierch stoung (zu Sandweiler huet et laang gedauert, bis d’„Kierch am Duerf” blouf), an de Garer Bësch. Hei weist eis de Fierschter Remy Zahlen déi Kompensatiounsmoossnamen, déi hie schonn duerchgefouert huet (ënner anerem och ee grousse Fiichtbiotop), als Ersatz fir dee Bësch, deen dem Bau vum Contournement huet misse wäichen), a gëtt eis och déi néideg Erklärungen op der „Huuschwiss”: dat ass eng Bëschwiss, wou ënner anerem  verschidde rar Orchideeë wuessen.
Mir kommen da beim däitschen Zaldotekiirfecht eraus, dee ganz anescht ass wéi deen amerikaneschen, deen awer ëmmer erëm beandrockt, a wou de Verwalter, den Här Croé, eis Ried an Äntwert steet. Duerch d’Izegerstrooss, wou mer e gudden Androck kréien wéi d’Landschaft ronderëm Sandweiler sech verännert (huet), si mir geschwë rëm op eisem Ausgangspunkt.

Den Tour eegent sech fir d’ganz Famill (awer net fir Kutschen/Rollstill). De Wee as 5-6 km laang an flaach (et kann een ënnerwee gutt ofkierzen). Fest Schong sinn unzeroden, well an dësem Bësch ass et zimlech fiicht.