• Print Friendly


Generalversammlung 2007 vun der „Regional Stad Lëtzebuerg“

Donneschdes, den 14. Juni um 19.00 Auer am ÖkoZenter am Pafendall

 

Um Programm stinn d’Virstellung vum Bilan 2006 an d’Chargeverdeelung fir 2007, dat Ganzt awer op eng labber Aart a Weis. Gäre ginn och nach Kandidature fir de Comité ugeholl.
Mir wéilten d’Geleeënheet notzen, fir och zesummen ze schwätzen, wat fir eis am Ablack déi besonnesch Erausfuerderungen an der Stad sinn, wou de Mouvement sech speziell engagéiere sollt. Duerfir wier et flott, wa mir kéinten en Austausch dodriwer hunn.
Duerno ginn all déi Leit déi Loscht hunn gemittlech zesummen Iessen, an zwar an de Restaurant „Bickstuff“, dee leit 500 Meter vum Ökozenter eweg am Neiduerf. Falls Dir wëllt matgoen, da mellt Iech w.e.g. un um Telefon 439030-1.