Keng Reklamme wegl. – Maacht mat Drock op den Ëmweltministère
Zenter Ufank 2024 gëtt et dat neit Offallgesetz: eng vun de wichtegen Neierungen ass, datt een ab elo keng Reklamme méi däerf a seng Bréifboîte kréien, et sief dann, et géing ee mat engem Autocollant kloer soen, et wéilt een där.
Ma leider gëtt et vill Onkloerheete mam Gesetz – an et gëtt och deelweis net respektéiert.
Als Mouvement Ecologique krute mir follgend Situatioune gemellt :
• Reklammen an Dageszeitungen: Et leie méi Reklammen an Dageszeitungen, laut Gesetz ass dat erlaabt. Als Mouvement Ecologique siche mir awer d’Gespréich mam Lëtzebuerger Wort.
• Matdeelunge vu Parteien, Veräiner oder der Gemeng: Déi si laut Gesetz erlaabt. Als Mouvement Ecologique ënnerstëtze mir och dës Bestëmmung, well mir mengen, datt Veräiner, Parteien asw. e wichtegen Deel vum Liewe vun der Gemeng an och vun der Demokratie sinn. Mier mengen och, datt eng Rei Leit déi Informatiounen awer wëlle kréien, och wann si grondsätzlech keng Reklamme wëlle kréien.
• Gratis-Zeitungen: Dës behaapten oft, si wäre keng Reklamm, ma géinge virun allem informéieren. Den Ëmweltministère huet dem Mouvement Ecologique elo matgedeelt, datt si dat neit Gesetz och esou interpretéieren: Eng Gratis-Zeitung gëtt net als Reklamm ugesinn, et sief dann, et géinge getrennt Reklammen dra leien (a net dra gedréckt sinn). Als Mouvement Ecologique fanne mir dës Vue absolut net vertrietbar an iwwerleeën eis eng Aktioun.
• Ziedele wou um Auto ubruecht ginn, virun allem Immobiliefirmen a Firmen déi Autoe kafen: Dat ass kloer verbueden. Ma d’Ëmweltverwaltung „intervenéiert“ just wann si et gemellt kréien….
Appell un Iech:
Mir mussen Drock maachen op den Ëmweltministère an d’Verwaltung. Si betruechte just déi Reklamatiounen, déi u si via guichet.lu erugedroe ginn. Duerfir: Weist datt Dir net averstane sidd, wéi dat am Ablack leeft.
Mellt wgl. Är Reklamatiounen op follgendem Link: https://guichet.public.lu/fr/citoyens/justice/voies-recours-reglement-litiges/plaintes-administratives/plainte-aev.html
Dommerweis heescht de link „plaintes”. Deen Ausdrock net ganz gutt, well et ass net datt Dir do elo eng weider Responsabilitéit am juristesche Sënn hätt. Dir maacht d’Verwaltung op eng Infraktioun opmierksam, déi an Ären Ae stattfonnt huet. An de Ball läit da bei der Verwaltung. Mier hu schonn e puermol gesot, datt mir fannen de Numm vum Site misst geännert ginn, ma leider ouni Succès.
Merci awer ob alle Fall, wann Dir elo Är Reklamatiounen dohinner gitt, datt do endlech Beweegung an den Dossier kënnt. Gäre kennt Dir eis a Kopie setzen an informéiert hale, wat geschitt (meco@oeko.lu).
Fir de Recht hale mir Iech um Lafenden.
02.10.24