• Print Friendly


Kéisecker info Juni (1) 2024

 

 

An dësem gutt gefëlltem Kéisecker-info fannt Dir Stellungname a Berichter: zu den EU-Walen, de Bericht zur Lag vun der Natioun, der alarméierender EU-wäiter Waasserverschmotzung duerch PFAS, Nature Restoration Law, enger Säit mat spannenden Aktivitéite vun der Jugendsektioun move, Neies vun Oekotopten a Bicherrecommandatioune vun der Oekobib.

 

Dësen Info weist um konkrete Fall vun dem esou wichtegen EU-Gesetz zur Biodiversitéit- der Nature Restoration Law – datt sech Engagement lount. Iwwer Joren huet sech de Mouvement Ecologique, zesumme mat natur & ëmwelt a virun allem och Dank den Aarbechte vun den europäeschen Ëmweltverbänn, fir dëst esou wichtegt Gesetz op EU-Niveau agesat. Mat Succès. Des Woch gouf et vun den EU-Ëmweltministere gestëmmt.

 

Mir ruffen Iech awer och dozou op un enger EU-wäiter Ënnerschrëftenaktioun ze bedeelegen, fir datt déi „Superräich“ méi staark besteiert ginn. D’Sue gi gebraucht, fir d’Klima- an d’Biodiversitéitskris unzegoen an och d’Länner vum Süden z’ënnerstëtzen. An et ass och eng Fro vun der sozialer Gerechtegkeet. Lëtzebuerg brauch min. 4.500 Ënnerschrëften, fir datt mir EU-wäiten Impakt hunn. Kuckt Iech d‘Sonderbäilag an dësem Info un, ënnerschreift a motivéiert och Är Frënn a Bekannte matzemaachen.

 

 

21.06.2024