Umweltpolitik
  • Print Friendly


Invitatioun zur Online-Veranstaltung: Entworf vum Lëtzebuerger „Luftreinhalteplan“ : Wéi steet et mat der Loftqualitéit zu Lëtzebuerg? Wéi eng Moossname si virgesinn?

De Mouvement Ecologique luet häerzlech an op dës Online-Virstellung:

Mëttwoch, den 3. Februar um 18.15 Auer

Opgrond vun EU-Virgabe mussen all Memberstaaten, also och Lëtzebuerg, e sougenannte Loftreinhalteplang erstellen.

An dësem gëtt analyséiert, wéi héich d’Belaaschtung vun der Loft duerch Schuedstoffer haut ass, a wéi eng Moossname sollen ergraff ginn, fir dës Belaaschtung ze reduzéieren. De Lëtzebuerger Plang baséiert dobäi, op Iwwerschreidunge vu 7 Miessplazen aus dem Joer 2018.

Laut Aussoe vun der Ëmweltverwaltung, géifen zu Lëtzebuerg just d’Grenzwäerter vun den Emissioune vu Stéckoxyden iwwerschratt, duerfir ginn och just si am Plang ënnersicht.

Am Laf vun der Online-Veranstaltung wäerten d’Vertrieder vun der Ëmweltverwaltung den Entworf virstellen an dobäi e.a. och ob folgend Punkten agoen:

  • Ob wéi enge Plazen am Land gëtt gemooss ? Wéi sinn dës Plazen erausgesicht ginn? Heescht dat, datt ob anere Plaze kee Problem ass ?
  • Wéi oft gëtt gemooss a wéi eng Schuedstoffer gi gemooss ?
  • Wéi eng Grenziwwerschreidunge goufe wou festgestallt ?
  • Wéi eng Moossnamen si geplangt fir dës Belaaschtung ze reduzéieren?

Dobäi goufen op folgende Miessstatiounen Iwwerschreidunge festgestallt: Bascharage, Déifferdeng, Iechternach, Esch-Uelzecht, Hesper, Réimech a Stad Lëtzebuerg. Ma wat heescht dat fir de Recht vum Land?

Den Entworf vum Plang läit am Ablack an enger ëffentlecher Prozedur aus,a jiddweree ka seng Remarken an Ureegungen derzou eraginn.

Dës Veranstaltung ass duerfir eng gutt Geleeënheet, fir sech ze informéiere wat am Plang steet a ggf. och Ureegungen eranzeginn.

No dem Virtrag ass genuch Zäit fir Froen ze stellen an ze diskutéieren.

D’Referente sinn déi zoustänneg Beamte vun der Ëmweltverwaltung fir de Plang: Jean-Marie Strasser, « Unité stratégies et concepts » an Pierre Dornseiffer, « Unité surveillance et évaluation de l’environnement »

 

Praktesch Informatiounen

Fir un der Online-Veranstaltung iwwer Zoom deelzehuelen ass eng Umeldung op inscription@meco.lu néideg. Mir schécken Iech dann de Link fir den Accès am Laf vum Dag vun der Veranstaltung zou, an all weider Informatiounen am Viraus . An den Deeg no der Veranstaltung wäert de Replay och op www.meco.lu an op eiser Youtube-Chaîne ze gesi sinn.