• Print Friendly


Generalversammlung vun der Regional Süden

Heimatter invitéieren mär, all Member aus der Regional Süden op eng interessant Visite  um Tracé vun der geplangter Ëmgehungsstrooss vun Käerjeng. Zesummen mat Leit vun „Natur & Ëmwelt-Sektioun Suessem“ kucken mär eis déi besonnesch Fauna an Flora vun dëser „Gringzone“ un an kréien erklärt, firwat een dës wäertvoll Noerhuelungsgebidd net duerch eng Strooss zerschneiden soll.

  • 1. Deel: Visite „Grünkorridor“ Projet Ëmgehungsstrooss Käerjeng 
    RV ass um 18h um Parking vun der Gare Bascharage (zur Sait vun Suessem), vun wou mär zu Fouss bis op den Site trëppelen
  • 2. Deel: Generalversammlung Mouvement écologique, Regional-Süden        
    RV ass um 19h45 an der Brasserie „Béierhaascht“ 240, avenue de Luxembourg zu Käerjeng              
    (Memberen déi am Comité matschaffen wëllen, kënnen op dëser Adresse Bescheed soen: francis.hengen@education.lu)
  • 3. Deel: Gemeinsamt Iessen géint 20h30 an der Brasserie „Béierhaascht“

Opgepasst! ët kann een selbstverständlech och jhust un enger Aktivitéit deelhuelen.

Wéinst der Organisatioun vun der Visite wär et flott wanns du dech um Telefon géifs umellen.

Och fir mat iessen ze goen ass eng Umeldung gewënscht  (43 90 30 – 1).

den Comité