• Print Friendly


Generalversammlung – de Kongress 2011 vum Mouvement Ecologique

Download(s)

Léiwe Member,

Mir lueden Iech heimadder häerzlech an op

d’Generalversammlung – de Kongress 2011 vum Mouvement Ecologique

e Samschden, 19. Mäerz 2010 vu 14.30 – 18.30 Auer

am Kulturzenter Bouneweg, 2, rue des Ardennes Lëtzebuerg-Bouneweg

Nieft dem statutareschen Deel vum Kongress – Tätegkeetsbericht, Finanzrapport, Neiwiel vum Verwaltungsrot -wäerte mir dëst Joer virun allem iwwert nohalteg Gemengepolitik – eis Haaptziler an Iddie schwätzen!

Gemengewalen 2011: Zukunftsweisend Iddië vum Mouvement Ecologique fir eng nohlateg Gemengeplolitik. 

Och wann Dir am Laf vum Joer vläicht net u Projete vum Mouvement Ecologique deelhuelt: Eemol d’Joer bitt sech besonnesch d’Geleeënheet ze weisen, datt Dir hannert «Ärer» Organisatioun stitt. Dës Solidaritéit ass immens wichteg an hëlleft och onse Fuerderunge bei der Politik an an der Ëffentlechkeet deen néidegen Nodrock ze ginn.

Et ass vill méi wéi nëmmen eng Formalitéit. Duerfir: w.e.g. kommt op d’Generalversammlung! An ausserdeem: se ass ëmmer eng Geleeënheet fir e flotten Austausch mat anere Leit, ureegend Diskussiounen an enger produktiver Atmosphère ze hunn.

1. Deel vum Kongress: Statutareschen Deel

  • Begréissung duerch d’Regional Stad Lëtzebuerg
  • D’Wuert vun der Presidentin
  • De Bilan a Biller vun den Aktivitéiten am Joer 2010 mat engem Ausbléck an d’Zukunft vu
    * Mouvement Ecologique
    * OekoZenter Lëtzebuerg
    * Stëftung Öko-Fonds
    * Klimabündnis Lëtzebuerg
  • Finanzrapport vum Trésorier a vun de Revisoren – Décharge
  • Décharge vum Verwaltungsrot
  • Neiwiel vun de Membere vum Verwaltungsrot resp. vun de Keesse-Revisoren
    Kandidature fir de Verwaltungsrot solle w.e.g. mëndlech oder schrëftlech bis de 17. Mäerz beim Mouvement Ecologique, Tel. 439030-1 oder Mail meco@oeko.lu eragereecht ginn
  • Motioun
  • Fräi Aussprooch

2. Deel vum Kongress: Gemengewalen 2011:

Zukunftsweisend Iddie vum Mouvement Ecologique fir eng nohalteg Gemengepolitik

Am Oktober 2011 sinn d‘Gemengewalen. Traditionell eng Geleeënheet fir de Mouvement Ecologique, seng Iddien an Ureegungen auszeschaffen an der Ëffentlechkeet virzestellen.

Am Kader vum Kongress wäerten éischt Iddie virgestallt ginn. Dobäi soll offen a lieweg doriwwer diskutéiert ginn. Esou e.a. iwwert

  • nei Iddien vum Mouvement Ecologique fir d‘Gemengewalen / eng nohalteg Gemengepolitik
  • eis Haaptziler
  • Viraussetzungen déi op nationalem Plang fir eng nohalteg Gemengepolitik musse geschafe ginn.

Kommt an diskutéiert matt!

Well d‘Gemengewale sinn DEI Geleeënheet fir konkret Proposen an zukunftsweisend Iddie vun eis ze diskutéieren an duerzestellen. No der Gespréichsronn ass zum Ofschloss nach eng Réceptioun mat Eirewäin / -jus, offréiert vun der Gemeng Lëtzebuerg, a Präsenz vum F. Bausch, Vertrieder vum Schëfferot.