• Print Friendly


Generalversammlung 2018 Mouvement Ecologique, Regional-Süden

Invitatioun op en Virtrag 

„Energiewend an Biergerhand: TM Enercoop stellt sech vir“ 

TM Enercoop ass eng Energiekooperativ déi säit e puer Joren ganz erfollegräich Gemeinschafts-Fotovoltaikanlagen opriicht. Wéi fonctionnéiert den Modell vun der Kooperativ? Wéi kann ech Kooperateur/trice ginn? Wéi eng Anlagen sinn an Betrib? Wat sinn déi nächst Projet’en?

Donneschdeg  den 3. Mee 2018 um 19h30 Jugendherberg Esch/Uelzecht 3, Place de la Gare (niewent der Escher Guar)

Et schwätzt:

Albert Kalmes, President vun TM Enercoop

—————-

Generalversammlung 2018 Mouvement Ecologique, Regional-Süden

Virum Virtrag lueden mär jiddereen op eis Generalversammlung 2018 an, um 19h00, Jugendherberg Esch/Uelzecht 3, place de la Gare

(Memberen déi am Comité matschaffen wëllen, kënnen op dëser Adress Bescheed soen: christiane@emering.lu)

 

géint 20h30 ginn mär zesummen an den Restaurant K116 (Kufa) iessen.