Demokratie – Bürgerbeteiligung
  • Print Friendly


Fraen am Mouvement

Fir eng nohalteg Zukunft brauche mir d’Andréck an d’Zesummenaarbecht vu jiddwerengem. Obwuel Analyse weisen, datt Fraen sech besonnesch fir ekologesch Themen interesséieren, spigelt sech dat net bei den aktive Membere vum Mouvement Ecologique erëm. An den Aarbechtsgruppen an am Verwaltungsrot si si leider manner gutt vertrueden.

U wat läit et, datt net nach méi Fraen sech am Mouvement abréngen? Zäit? Hemmschwell? Dëse Froe wëlle mir eemol spezifesch Raum ginn. Wat kéint verbessert ginn? Wat sinn d’Erwaardungen?

Mir wollten eng Kéier „De Bols“ fillen. Interessi? Da sot Bescheed!

Mellt Iech a mir siche gemeinsam mat den Interesséierten en Datum an eng Auerzäit déi passt: meco@oeko.lu

 

 

 

 

 

19.05.23