“Refurbished” – elektresch Apparater esou gutt wéi nei

Gutt elektresch an elektronesch Apparater musse net nei kaaft ginn – haut gëtt ëmmer méi op Refurbishing gesat. Dat bedeit: gebrauchte Geräter ginn iwwerpréift, gefléckt a rekonditionéiert, amplaz se ewechzegeheien. Dobäi handelt et sech souwuel ëm bal nei Produkter, déi net méi an der Originalverpackung sinn, wéi och ëm liicht gebraucht Apparater, déi erëm an Top-Zoustand verkaf ginn. D’Qualitéit läit dacks nach bei iwwer 80 % vun engem neien Apparat – mat engem däitleche Präisvirdeel. Refurbishing kënnt och lues a lues zu Lëtzebuerg un: als Partnergeschäft vun Oekotopten bitt HiFi international z. B. Smartphone oder Wäschmaschinnen un, an kafen ënner gewëssene Konditiounen och är al Apparater zréck. Eng nohalteg a bëlleg Alternativ zum Neikaf!
Hu Dir nach weider Adressen? Da schreift eis op marc.krier@oeko.lu