Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Europäische Bürgerinitiative „Bienen und Bauern retten“ erreicht über 1,16 Millionen Unterschriften

Méi wéi 1,16 Milliounen Ënnerschrëften fir d’Beien an d’Baueren!

natur&ëmwelt, Greenpeace Lëtzebuerg, de Mouvement Ecologique an all déi aner Organisatiounen hannert der Europäescher Biergerinitiativ „Beien a Bauere retten!“, freeë sech iwwert den groussen Erfolleg vun der Initativ!

Zu Lëtzebuerg hu 5.293 Bierger*innen d’EBI ënnerschriwwen, woumat mir eise Quorum vu 4.503 Ënnerschrëften däitlech iwwerschratt hunn.

D’Biergerinitiativ sëtzt sech a fir ee schrëttweisen Ausstig aus de syntheetesche Pestiziden, méi Moossname fir d’Aartevillfalt an der offener Gewan an d’Ënnerstëtzung vun de Landwirten an der Transitioun zu enger nohalteger Landwirtschaft.

De Succès vun der Initiativ weist, dass déi politesch Verantwortlech, op europäeschem, ma och op nationale Niveau, endlech handele mussen!

Liest elo de Communiqué an den Downloads…