Bildung für nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Erfollegräiche Bildungsforum: 160 Leit gestalte Schoul vu muer!

Um Bildungsforum “Heute die Schule von Morgen gestalten“ mam Margret Rasfeld an 30 Gäscht aus Däitschland ewéi 130 Participanten aus ville Lëtzebuerger Lycéeë, stounge vill Ureegungen, sachlech Informatiounen, nei Iddien, e liewegen Austausch a nei Kontakter déi Courage maachen, am Mëttelpunkt.

 

 

De Kader fir den Dag huet d’Margret Rasfeld mat engem fachleche Virtrag gesat. D’Margret Rasfeld ass fréier Schouldirektesch, Bildungsinnovatorin, Initiatorin vu „Schule im Aufbruch“ a renomméiert Buchautrice – hiert neit Buch „FREI DAY“ ass kuerz no Verëffentlechung schonn an der 2ter Oplaag. Si versteet et wéi wéineg anerer, wëssenschaftlech Erkenntnisser an d’Praxis, mat gudde Beispiller, ze verbannen.

Fir d’Margret Rasfeld muss d‘Schoul sech radikal änneren. Punkten, Fächerdenken a Konkurrenz sinn net zilféierend. D‘Schoul brauch dringend eng Haltungsännerung, gutt mënschlech Bezéiungen, Teamfäegkeet, Fräiraim a Participatioun! Et sinn dës Kompetenze wou et de Jugendlechen erlaabt mat de groussen Erausfuerderungen eens ze ginn an hier Zukunft ze gestalten. Grad esou kloer ass:  et sinn och dës Kompetenze wou dringend um Arbechtsmarché gebraucht ginn!

 En änleche Virtrag wéi dësen huet d’Margret Rasfeld zu Lëtzebuerg ginn. D’Präsentatioun fannt Dir hei:

 

Opbauend dorop gouf sech intensiv wärend engem Dag ausgetosch, wéi d’Transitioun vun der Schoul gelénge kann. Wat kënne Schoulen haut scho maachen? Wéi eng Iddie leien um Dësch (z.B. d’Iddi vum Frei Day)? Wéi eng Viraussetzunge musse geschaaft ginn? Schüler*innen, Enseignante, Membere vun Direktiounen an aner Bildungsacteuren hunn sech dobäi mat Verantwortleche vu Schoulen an hire Schüler aus Däitschland, déi dëse Wee schonn ugetruede sinn, ausgetosch a hunn hier Erfarungen a Virstellungen abruecht.

 

Déi gutt Noriicht: Schoul kann sech veränneren. Vill Leit sinn haut schonn engagéiert. Eng wichteg Viraussetzung: Bildung fir Nohalteg Entwécklung muss an den Zentrum vum Schoulsystem geréckelt ginn, an net als Accessoire matschwéngen.

Besonnesch hëllefräich derbäi kann eng extern Transformatiounsbegleedung sinn, wéi e.a. d’Beruffsschoul vu Saarlouis et mëscht. Si kann hëllefen e.a. eng aner Perspektiv op d’Schoul ze werfen an Aarbecht ofhuelen.

All Schoul kann awer och beim Konzept vum FREI DAY matmaachen. Zil: Schüler*innen kënne 4 Stonnen d’Woch hier Iddien a Projete gestalten an ëmsetzen.

Weider Ureegunge vum Bildungsforum ginn deemnächst zesummegestallt an opbereed, un Interesséierter weidergeleet an online gesat.

Nodeems di sëllegen Impressiounen a Gespréicher verdaut si – wäert de Bildungsgrupp vum Mouvement Ecologique sech iwwert déi nächst Schrëtt austauschen. Interesséierter kennen sech gäre beim cedric.metz@oeko.lu mellen. Gäre kënnt Dir eis och Ureegungen eraginn.

 

Dëse Bildungsforum gouf vum Mouvement Ecologique, zesumme mat senger Jugendorganisatioun move. organiséiert. Dëst ënnert dem Parrainage vum Bildungsministère. Merci och dem Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), dem Script, dem IFEN an der Œuvre nationale de secours Grande-Duchesse Charlotte fir d’Ënnerstëtzung.