Elo och op Bluesky!

De Mouvement Ecologique ass weiderhinn net op Twitter / X, bleift awer nach präsent op Facebook. Ma mir wëllen awer eis Präsenz an de sozialen Netzwierker ausbauen a sinn ab elo och op Bluesky vertrueden!

 

Follegt eis fir déi neisten Updates, Aktiounen an Nouvellë ronderëm de Mouvement Ecologique. Bluesky ass en neit soziaalt Netzwierk, wat sech virun allem duerch säin dezentralen Opbau vun anere Plattformen ënnerscheed an domat eng ze grouss Beaflossung vun eenzelne grousse kommerziellen Acteure verhënnert. Mei Transparenz, Oppenheet a Benotzerfrëndlechkeet sinn aner Fierdeeler. Mir wëllen och do eis Informatiounen, Positiounen a Campagnë mat Iech deelen – an natierlech och mat Iech a Kontakt bleiwen!

 

Follegt eis op Bluesky.

 

@meco-luxembourg.bsky.social