Internationales
  • Print Friendly


E Virtrag an eng Fotoausstellung iwwert den indonesesche Papua

D’Carole Reckinger huet ee Joer laang als Mataarbechterin vu Peace Brigades International bei de Papua gelieft. D’Papua sinn e Vollek dat eréischt säit kuerzem aus dem Steng-Zäitalter eraus ass.

Konfrontéiert mat enger schneller Modernisatioun an dem séiere Verloscht vun hierer Ëmwelt kämpfe si ëm d’Iwwerliewen.

E Virtrag gefollegt vun enger Diskussioun iwwert d’Papua an hier Kultur an d’Plaz vun Indigène Völker an eiser moderner Welt, mat speziellem Fokus op de schnelle Verloscht vun hirer Ëmwelt a Natur.