• Print Friendly


E satiresche Réckbléck op de Mount Februar

Eng kabarettistesch Liesung mam Jay Schiltz Dënschden, 3. Mäerz 2015 um 19:30 (de selwechte Programm) am Bistro vum Oekozenter Pafendall

An de vergaangene Méint huet de Mouvement Ecologique e puermol op kabarettistesch Liesungen mam Roland Gelhausen invitéiert. Hien huet op déi him eegen, satiresch an ironesch Aart a Weis kommentéiert, wéi hien all Dag vum viereschte Mount erlieft huet. Dobäi huet hien natierlech säi spezielle Bléck op d’Politik an d’Gesellschaft geworf. Fir de Mount Februar wäert de Jay Schiltz seng Vue vum Mount duerleeën, béid Kabarettiste wäerten eis iwwert d’Joer eraus ofwiesselnd an och alt mol zesummen, hier Vue presentéieren. D’Liesung gëtt wéi ëmmer musikalesch begleed. A wéi gewinnt, bréngt d’Lydie Philippy mat der Kachequipe «Veggie-Table» vegetaresch Leckereien als Fingerfood op den Dësch. Entrée: 20 € fir Memberen – 25 € fir Net-Memberen. Bezuelt gëtt an der Oweskeess.

Well nëmmen eng begrenzten Zuel vu Leit méiglech ass a wéinst dem Fingerfood, ass eng Umeldung iwwer meco@oeko.lu oder Tel. 439030-1 noutwendeg. Déi éischt si vir!