D‘Ofschlossiesse vum Joer mat Kabarett vun a mam Roll Gelhausen
Elo scho wollte mir Iech als Member alueden op
d‘Ofschlossiesse vum Joer mat Kabarett vun a mam Roll Gelhausen
Mëttwoch, de 16. Dezember 2026 um 19.00 Auer am Kulturraum vum Restaurant „Wëllebau“, 2, rue du Marché zu Mamer
Eist traditionellt Ofschlossiessen ass dëst Joer erëm zu Mamer am Wëllebau. Dëst Joer mat flottem Kabarett vum Roll Gelhausen. Hee beschreift säi Programm wéi folgt:
“‘t ass net ze gleewen”
Kann een hautjesdaags iwwerhaapt nach eppes gleewen.
Verschwörungstheorien, Alternativ Fakten, Fake News, Deepfakes, Desinformatioun, manipuléiert Noriichten … wien huet do nach den Duerchbléck?
Gëtt et een deen d’Wouerecht gepacht huet?
Da ginn et och nach gefillte Wouerechten. Mat deenen ass et wéi mat de gefillten Temperaturen. Wann engem bei realen 12 Grad am Schied de Wand em d’Ouere bléist an et huet een näischt um Kapp, da fillt et sech schonn e gutt Stéck méi kal un.
An wann engem Ligen ëmmer méi dacks a méi haart em d’Ouere fléien an et huet een näischt am Kapp, dann héieren déi sech ob eemol wéi Wouerechten un.
Mat Sécherheet gëtt et Leit déi Intressi drun hu wat mir gleewen. Bei de Politiker z.b.. Do sinn der déi gi Saache vun sech, do weess een net, léien se eis lo einfach nëmmen ouni Hemmung un oder sinn se sou domm a versti guer net ëm wat et geet.
„An da weess een net wat engem léiwer wär.”
Wéi gewinnt: et gëtt eppes Leckeres ze iessen a duerno geet et lass mam Kabarett. Et soll dann awer och genuch Zäit fir zesummen ze schnësse bleiwen, well grad dëst Joer ass jo genuch geschitt.
Et wäerte gutt vegetaresch Planchette ginn, awer och däer mat Ham, Kéis asw ginn. Ofgeronnt gëtt den Owend bei engem Dessert – a natierlech engem relaxen Zesummesinn.
De Präis ass 65.- € (Iesse, Gedrénks vum owend, Kabarett).
D’Plazen si begrenzt. Mëllt Iech duerfir w.e.g direkt un: meco@oeko.lu





