De Mouvement Ecologique stellt an: Responsabel/en fir Biodiversitéit a nohalteg Landwirtschaft & Responsabel/en fir Ëmwelt, Energie an Nohaltegt Wunnen – CDI
Download(s)
Plaz-Ausschreiwungen am Mouvement Ecologique
De Mouvement Ecologique schreift dräi nei Plazen aus.
Kritt de Mouvement Ecologique elo esou eng staark nei professionell Verstäerkung ? Jo a neen….
- Neie Posten an der Direktioun : Dëse Posten ass effektiv nei a soll derzou bäidroen, déi haaptamtlech Strukture mëttel- a laangfristeg ze stäerken. Ziel ass et – nieft engem éierenamtleche President:in an dem Verwaltungsrot – eng haaptamtlech Gerance vum Mouvement Ecologique sécherzestellen: esouwuel inhaltlech wéi och administrativ;
- Verstäerkung „Energie- an Ëmweltpolitik / nohaltegt Wunnen“: Opgrond vun engem Congé parental an dësem Themeberäich a fir d’Aktivitéiten doran ze stäerke gëtt elo en 32-30 Stonneposten zousätzlech ausgeschriwwen.
- Ersatz Posten „Biodiversitéit“: Dëse besteeënde Poste gëtt nei ausgeschriwwen a nei besat, wéinst Changementer bei der aktueller Responsaabler. Mir profitéiere fir der Responsabel, déi elo geet, merci fir déi exzellent Aarbecht vun de leschte Joren ze soen.
Fannt déi aaner Job Annonce HEI






