• Print Friendly


Dir sidd Member vum Mouvement Ecologique a motivéiert an engem Aarbechtsgrupp matzeschaffen?

Interessi un Aarbechtsgrupp ronderëm den Thema «Wuesstem, Wuelstand an nohalteg Steierreform»?

Aktuell ginn et méi Memberen, déi Loscht hätten, sech aktiv an engem Aarbechtsgrupp zu Themen wéi Wuesstem, Wuelstand oder nohalteg Steierreform anzebréngen an do mat ze diskutéieren. Duerfir soll e neien Aarbechtsgrupp zum Thema entstoen. Wat den Aarbechtsgrupp genau beschwätze wäert, soll direkt gemeinsam decidéiert ginn. Usätz gëtt et der
jo vill: Vun der Ofhängegkeet vun eisem Sozialsystem vum Wuesstem iwwert eng nohalteg a sozialgerecht Steierreform bis hin zu dem “PIB du bien-être”. Interesséiert Iech den Thema, onofhängeg dervun ob
Dir scho méi fachlech dra sidd oder net?! Da mëllt Iech! Well grad de Mix vu verschiddene Leit erlaabt e gudden Austausch an et besteet jo och d’Méiglechkeet vu Weiderbildungen, fir déi wou et wéilten. Mir
siche gemeinsam en éischten Termin mat alle Leit wou sech bis den 1. Februar gemellt hunn.

 

Loscht am Klima- an Energiegrupp vum Mouvement Ecologique matzeschwätzen? 

Dir interesséiert Iech fir den Thema Klima an Energie? Hutt Loscht Är Stëmm mat anzebréngen an u Stellungname vum Meco matzewierken? Da kommt bis laanscht an eise Klima- an Energiegrupp. De Grupp
tauscht sech aus iwwert Entwécklungen, diskutéiert iwwert aktuell Sujeten, preparéiert Positiounen an organiséiert Veranstaltungen. Nächste Rendezvous ass e Méinden, den 3. Februar 2020 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad Lëtzebuerg.
Kommt laanscht wann Iech den Thema um Häerz läit. Dir braucht net direkt Fachwëssen ze hunn well mir och gemeinsam am Grupp wäerte léieren, mee Dir braucht Motivatioun a Loscht fir matzewierken.
Deen Owend schwätze mir och, wéi oft mir eis an Zukunft wäerte gesinn a wat fir Punkten Iech besonnesch wichteg sinn. Déi eenzel Gruppe leeën nämlech ëmmer selwer fest wéi oft sie sech gesinn.
Schnuppert also gären eran, wann Dir Loscht hutt! Et ass erwënscht, datt Dir eis dës Kéier am Virfeld Bescheed sot, fir dass mir e bëssen eng Iddi hunn wéi vill Leit kommen an datt mir d’Auerzäit kënne
festleeën, jee no Wonsch vun de Leit: 18.00, 19.00 oder 20.00 Auer.

 

Fir all Umeldung, Froen oder Ureegungen zu eisen Aarbechtsgruppen, schreiwt eis eng E-mail un: meco@oeko.lu