• Print Friendly


Den Oekozenter Pafendall a.s.b.l. an de Mouvement Ecologique a.s.b.l. siche fir direkt en(g): Direktesch/Direkter vum Oekozenter Pafendall (32-40 St./W CDI)

Download(s)

Den Oekozenter ass net nemmen eng Plaz vum Austausch, m och eng fachlech Struktur, déi an enger Rei vu Beräicher Projete realiséiert, fir eis Gesellschaft um Wee zu méi Nohaltegkeet weiderzebréngen. Dir fannt d’Villfalt vun dëse Projeten op der neier Internetsäit www.oekozenter.lu. Eng Rei vun deene Projeten, wéi z.B. d’Projeten “Natur elo!” oder “Rethink-reuse-repair-share” an anerer, ginn an enker Zesummenaarbecht mam Mouvement Ecologique konzipéiert an ëmgesat. Elo sicht den Zenter en(g) Direktesch / Direkter fir den Oekozenter fir d’Fachleit vum Zenter ze begleeden, de Lien mam Verwaltungsrot, dem Mouvement Ecologique an och no baussen ze assuréieren an awer och selwer Projeten ze entwéckelen. Eng immens spannend Aarbecht, déi eng méijähreg Erfarung, Organisatiounstalent an Afillungsverméigen an d’Aarbecht vun enger ONG viraussetzt.

Vläicht kennt Dir eng Persoun op déi eis Ausschreiwung géing zoutreffen oder gesitt Iech selwer an deem Rôle? Da wiere mir ganz frou, wann Dir dës Annonce géift weiderginn oder Iech ggf. selwer géingt mëllen.

Mellt Iech bis den 31. Mee 2021 beim Oekozenter Pafendall
6, rue Vauban
L-2663 Luxembourg
oekozenter@oeko.lu