• Print Friendly


De Programm vum Oekosoph Februar – Abrëll

Den Oekosoph, de Bistro vum Mouvement Ecologique am Oekozenter Pafendall, op 6, rue Vauban, ass säit dem Juli 2015 Mëttwochs a Freides fir jiddereen op.

Eng besonnesch gemittlech Atmosphär, speziell Bio-Gedrénks a kleng kulinaresch Häppercher (och vegetaresch a vegan, mee net nëmmen), Gesellschaftsspiller, eng vun de schéinsten Terrassen an der Stad, e Piano, an…..zeechnen dëse Bistro aus.

Mee den Oekosoph huet nach méi ze bidden. Regelméisseg ass „eppes Extraes“ lass.

Zum Beispill:

Freiden, 11.3.: Wäiprouf mat Wäiner vu Sunnen-Hoffmann: Kommt laanscht, ob eng flott Wäiprouf mam éischte lëtzebuerger Bio-Wënzer Betrieb, dem Sunnen-Hoffmann. Si presentéieren hier gutt lëtzebuerger Biowäiner, och schonn éischt Wäiner vun 2015… an puer besonnesch gutt auslännesch Bio-Crux’en. Natierlech beäntweren si och all Är Froen iwwert de Biowäibau, d’Produktioun zu Lëtzebuerg, de Beruf vum Wënzer a villes méi. Rv. tëscht 18.00 – 21.00 Auer. Avis aux amateurs. Eng Umeldung wär léif um meco@oeko.lu, Tel. 439030-1, D’Wäiprouf ass gratis, eng kleng Onkäschtebedeelegung u Brout, Kéis ass erwënscht.

Mëttwoch, 16.3.: Tarot-Owend: Spillt Dir gären Tarot? Oder wëllt Dir leieren Tarot spillen? Dann ass dëse Mëttwoch Owend genau dat richtegt fir Iech: Spillt zesumme mat aneren “Tarotsliebhaber”, déi dësen Owend sécher do sinn!

Mëttwoch, 23. 3: Sproochecafé tëscht 18.00 – 21.00: “Schwätzt lëtzebuergesch – an hëlleft auslännesche MatbiergerInnen Lëtzebuergesch schwätzen”… den Oekosoph bedeelegt sech un der Iddi vum Sproochecafé.

Freiden, 25.3: Pianosowend mam Daniel Schweitzer. Den 25. Mäerz kënnt d’Musek erëm net nëmme vum Band. Tëscht 20.00 an 22.00 ass den Daniel Schweitzer um Piano. Hie spillt bekannte Klassiker an och Lëtzebuerger Lidder.

 

De komplette Programm fand Dir an den Downloads