• Print Friendly


De Kongress 2021 vum Mouvement Ecologique ass Mëttwoch, de 24. Mäerz vun 18.15-19.45 Auer per Zoom

Download(s)

Och dëst Joer wäert de Kongress fir d’Memberen vum Mouvement Ecologique iwwer Zoom stattfannen.

Mir wiere frou wann all Member géif drun deelhuelen an esou och seng Solidaritéit mam Mouvement Ecologique weist.

Als Member krut Dir och schon, wéi d’Gesetz et virgesäit, eng schrëftlech Aluedung (an der Annexe).

Organisatioun vum Kongress – eng Umeldung ass néideg

Et ass séchergestallt, datt:
• all Member deen e PC oder en Handy huet, sech bedeelege kann (falls e Member e Problem mat béidem huet, soll e sech wgl. bei eis mellen: meco@oeko.lu)
• nëmmen déi Leit stëmmberechtegt sinn, déi och Member sinn – loggt Iech duerfir wgl.onbedéngt mat Ärem richtege Numm an
• en demokratesche Vott assuréiert ass
• Remarken / Kommentare vun all Member kënne wärend dem Kongress abruecht ginn.

De Kongress fënnt via Zoom-System statt, dee ganz onkomplizéiert ass.
Dir musst Iech onbedéngt umellen, fir datt mir Iech och de link am Virfeld schécke kënnen.
Aus organisatoresche Grënn biede mir Iech, Iech allerspéitstens bis Dënschdes, den 23. Mäerz 2021 owes via meco@oeko.lu unzemellen. Dir kritt bei der Confirmatioun vun der Umeldung nach weider konkret Informatiounen.
De Kongress 2021 gëtt, genau wéi dee vun 2020, op d’Ried vun der Presidentin, d’Virstellung vum Aktivitéitsbericht a statutaresch Froe begrenzt ginn – natierlech soll dozou och en Austausch méiglech sinn. Et gëtt awer keen extra inhaltleche Schwéierpunkt, wéi dat alt soss de Fall war.
Duerfir gi jo reegelméisseg aner Veranstaltungen organiséiert, déi en Austausch erméiglechen.

Weider Detailer zum Oflaf fannt Dir an der Invitatioun an den Downloads