Cabaret mat Kéisteller

Freides, den 13. Dezember 2024 um 19.00 Auer am Hôtel Parc Belle-Vue, 5, av. Marie-Thérèse an der Stad

 

Flotten Owend zum Schluss vum Joer fir d’Membere vum Mouvement Ecologique. Et gëtt e Kéis-Teller an awer virun allem de neiste Cabarets-Programm vum Roll Gelhausen.

 

Um Programm vum  Roll steet :

#Flashback #Heeschesäck

#HuMerSossKengPéng?

E satiresche Réckbléck op 2024

Mir hunn eng nei Regierung!

Nei Biesem kiere besser, soen se.

Eis Stad muss nees propper ginn, heescht et!

Mä och déi nei Biesem bleiwe lénks a riets hänken. Un den Trottoiren a Bordure vun de logeschen Iwwerleeungen an de juristeschen Interpretatiounen.

Kommen d’Kricher uechter d’Welt éieren nach méi no bei eis?

Kréie mer d’Temperaturen an d’Unzuel vun den Iwwerschwemmungen a Bullis Lawinen nach e bëssche gesteigert?

Wéi wäit musse mer nach no riets rutschen éier mar am bronge Bulli ersaufen?

An et ass och nees e Waljoer! Net nëmmen hei zu Lëtzebuerg.

Dat gëtt richteg spannend … dat Joer 2024

 

Eng Umeldung ass obligatoresch bis speitenstens den 9. Dezember iwwer meco@oeko.lu. Präiss: 45.- Plaze si begrenzt! Mëllt Iech un!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

20.11.24