Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Projet Kéisecker: Bilanz no engem Joer

Déi gutt Noriicht fir d’éischt: d’Däreldéier gëtt et nach zu Lëtzebuerg! Insgesamt goufen 165 Kéisecker nogewisen. Vun der éischter Beobachtung den 8. Mäerz 2019 bis déi lescht Observatioun, de 26. Oktober 2019 sinn 144 verwäertbar Meldungen iwwert Mail oder duerch direkt Androen op iNaturalist eragaangen, dovu 40% mat enger Foto! De Verlaf vun de Meldungen gëtt och schéin d’Aktivitéitsperiod vum Kéisécker wärend der Saison erëm. No dem Wanterschlof ass déi héchsten Aktivitéit wärend de Méint Mee a Juni, wou natierlech grad fir d’Weibercher d’Nuetsaktivitéit am Gréissten ass fir Fudder ze fannen. Wat mer net konnte feststelle war e Migratiounspeak am Hierscht wann déi al a jonk Kéisécker eigentlech eng Wanterstopp siche respektiv sech op d’Sich vun engem neie Revéier maachen. Interessant wär weiderhin ze kucken ob déi éischt phenologesch Beobachtungen nom Wanterschlof am Fréijoer sech am Laf vun de leschte Joren als Folleg vum Klimawandel no vir geréckelt sinn an a wéi enger kierperlecher Verfassung d’Weibercher nom Wanter sinn (e waarme Wanter mat e puer Erwäche ka méi Energie kaschte wéi e richtege Wanterschlof bei Minusgraden!)

Dee komplette Rapport kënnt Dir hei liesen