Kultur und Natur
  • Print Friendly


Bamscheiwepateschaften an der rue Vauban am Pafendall – éischt Bléien

An der rue Vauban am Pafendall – an der Strooss wou den Oekozenter säi Sëtz huet – ass et souwäit: Déi éischt Bléie verwandelen d’Bamscheiwen an ee richtegen “Hingucker”. De Mouvement Ecologique, den Oekozenter, d’Transitioun Uelzechtdall asbl an d’Canopé Production asbl haten am Hierscht 2021 d‘Patenschaft fir dës Bamscheiwen iwwerholl a se am Kader vum Oekofestival beplanzt.

 

Déi éischt Bléien, déi sech weise, gehéieren der grousser Feierblumm (rout) an der Karblumm (blo). An den nächste Wochen, Méint a Joren, wäert sech déi wëll Blummewiss (Wëllplanzesom vu Lëtzebuerg) déi hei ausgeséint gouf,  nach vill veränneren. Verschidde Planze wäerte just déi éischt zwee Jore bléien, anerer eréischt ab dem zweete Joer. Et bleift als ee liewegen a spannende Prozess.

 

Dir hutt och Loscht de Stroosseraum virun Ärer Wunneng mat ze gestalten? Da frot Är Gemeng de Projet vun de Bamscheiwepateschaften ëmzesetzen. Op www.naturelo.meco.lu fannt Dir ee Bréifmodell vum Mouvement Ecologique deen Dir upasse kënnt fir un Äre Schäfferot ze schécken. Wann Dir Froen hutt oder méi konkret Informatioune wëllt, kënnt Dir Iech och gären direkt bei eis mëllen: meco@oeko.lu.