Arts & Crafts: move. Brunch (Samsdes 11. Juli)

Den 11. Juli ass et esou wäit: Et steet erëm e flotte move. Brunch un vu move., dem Jugendgrupp vum Mouvement. d.h. e Moien wou Jonker zesummen iessen an eng flott Aktivitéit maachen.

 

Dës Kéier steet de Brunch ënnert dem Motto „Arts & Crafts“. Mir recycele Materialien a verwandelen se an eng nohalteg Partydekoratioun. Aus Tuten, Fläschen oder Stoftreschter kënnen sou also beispillsweis Girlanden entstoen, an déi kënnt dir privat oder mir perfekt fir eist move. Fest an dem Mouvement säin Oekofest notzen.

 

Natierlech gëtt awer och relax zesumme gebrunched: Duerfir: jidderee soll w.e.g. eng vegan Klengegkeet fir z’iesse matbrénge, sou datt  mir ee leckere Buffet hunn.

 

Interesséiert Jonker sinn häerzlech agelueden: eleng oder mat Kolleegen. Umëllen iwwert  move@oeko.lu wäer leif.

 

 

26.06.2026