And the Jugendpräis goes to…

…Zukunftshaff 2024! Nieft zwee super Projete vun der ASTM a vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, war move. an der Finall vum Jugendpräis an der Kategorie “One for Science” – an huet gewonn. Gléckwonsch un alleguerten déi Jonk, déi beim Projet matgehollef a matgemaach hunn a merci un d’Organisatioun vum Jugendpräis, fir ee super flotten Owend vun der Remise des prix um Campus Geesseknäppchen, wéi och un d’Bauerebetriber, déi bei dëser éischter Editioun dobäi waren!
Den Zukunftshaff 2025 ass an de Startlächer!
Dëse Präis huet eis natierlech nach méi fir déi zweet Editioun motivéiert, déi am September usteet. Iwwert de Weekend vum 11. bis de 14. September kréie Jonker nees d’Méiglechkeet, en Abléck an déi wichteg Aarbecht vun de Baueren an e bessert Verständnis dofir ze kréien, wéi e Bauerenhaff fonctionéiert a wat eventuell Contrainte sinn.
Du bass ee Jonken tëscht 16 an 30 Joer an hues Loscht, bei dëser Aventure matzemaachen? Da schreif eis op move@oeko.lu oder iwwer Instagram (move.meco). Mir sinn och iwwer Telefon erreechbar (+352 43 90 30 32), falls du nach Froen zum Oflaf oder generell zum Projet hues. D’Umeldung geet bis den 10. August.
Du hues ee Bauerebetrib a wiers bereet, iwwert dee Weekend 2-3 Jonker bei dir opzehuelen an am Alldag matzehuelen? Da schreif eis gär bis den 10. August op move@oeko.lu, da kënne mir zesummen d’Detailer beschwätzen.
Méi Infoen zum Projet sinn um Site move.meco.lu ze fannen.