Aktioun vu move. a KliKo virun der Chamber: “Mir musse just nach waarden”

“Mäer Jonker wieren eis dergéint, datt d’Klimakris net eescht genuch geholl gëtt!”

 

Duerfir hat move. a Collaboratioun mat der KlimaKollektiv KliKo de Sonnden, den 13. September eng symbolesch Protestaktioun virun der Chamber organiséiert.

 

 An engem absurden Theaterstéck (baséierend op “Waiting for Godot”) gouf op d’Klimakris a virun allem och op déi feelend Klimapolitik opmierksam maachen.

 

No deem wäermste Summer zënter 1947 zu Lëtzebuerg an de villen Hëtztwelle mat europawäit 35.000 Hëtztdoudeger an iwwer 500.000 Hektar verbrannter Fläch ass et evident, dass d’Klimakris och an Europa ukomm ass. D’Ausso vum Ëmweltminister, datt d’Leit dat séier vergiesse géingen, weist datt d’Ausmooss vun der Klimakris net eescht genuch geholl gëtt.  E responsabelen Ëmweltminister misst sech dach duerch esou eng allgemeng Betraffenheet a Fro stellen, an ëmsou méi urappe fir eppes an der Politik ze veränneren. Dowéinst hunn déi Jonk decidéiert dëse Rekord-Summer mat engem absurden Theaterstéck auskléngen ze loossen a sinn sech eens: Dëse Summer dierf absolut net esou séier a Vergiessenheet geroden. Wëssenschaftlech Rapporte weisen däitlech, datt, fir d’global Erhëtzung ze limitéieren, méi konkret Initiativen op Säite vun der Politik néideg sinn.

 

Dowéinst gouf entscheet mat engem Theaterstéck op kreativ Aart a Weis drop opmierksam ze maachen, datt et endlech Zäit gëtt eppes z’ënnerhuelen an d’Regierung eng Klimapolitik maache muss, déi eis Gesellschaft ënner anerem sou séier wéi méiglech aus der Ofhängegkeet vun de fossille Brennstoffer wechbréngt fir d’Zukunft vun der jonker Generatioun ze sécheren. 

 

Am Theaterstéck “Mir musse just nach waarden” waart d’Moderatrice op d’Invitéeë fir eng Table Ronde: D’Politiker:innnen aus de verschiddene Parteien an der Chamber sollen hir Léisungsvirschléi fir d’Ëmwelt ze schützen an de Klimawandel unzegoe präsentéieren. Wärend dem Waarde vertréischt d’Moderatrice de Public ëmmer erëm, datt d’Politiker:innen bestëmmt elo gläich opdauche géifen an datt “mir just nach waarde mussen”. Parallel geet d’Moderatrice ëmmer nees hir Froen duerch a presentéiert nach eemol d’Fakte vum Rekordsummer an och d’Virschléi déi et bis elo vun der Politik a puncto Klima gouf. Schlussendlech tauchen d’Politiker:innen awer ni op, esou datt jidderee weider op eng Äntwert waarde muss, wärenddeems d’Klimakris weider hire Laf hëlt. 

 

Trotz Reen haten eng 50 jonk (an e puer manner jonk) Leit de Wee op de Krautmaart fonnt fir d’Stéck nozelauschteren – e Beweis, datt d’Thema ville Jonken um Häerz läit, och wa politesch Äntwerten op sech waarde loossen. D’Parallel zu Samuel Beckett sengem „Waiting for Godot“ (1952) war kee Zoufall: sou wéi Vladimir an Estragon op de Godot waarden, deen ni kënnt, waarden och mir op eng Klimapolitik, déi sech ëmmer weider verzögert. Außerdem wollten déi Jonk drop opmierksam maachen, dass eng Klimapolitik déi ze spéit wierkt méi schlëmm ass, wéi eng Klimapolitik déi nervt. move. a KliKo wäerten dowéinst och an Zukunft drop bestoen, datt d’Regierung endlech handelt, ier et definitiv ze spéit ass.

 

Fotoen: (c) Emma Bervard/KliKo