Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


50 Joer Feier vum Mouvement Ecologique – ausgebucht !

Déi offiziell 50 Joer Feier ass elo schonn, vun der Zuel vun de Leit déi sech interesséieren, e volle Succès. Déi maximal Zuel vu Leit, déi an de Sall vum Tramsschapp aus organisatoreschen a Sécherheetsgrënn zougelooss sinn, ass erreecht.

Mir kënnen duerfir keng weider Umeldunge méi unhuelen. Leit, déi net ugemellt sinn, kënnen aus Plazgrënn net un der Feier deelhuelen.

Mir hoffen, datt mir Iech kënne bei enger vun deenen anere Manifestatiounen am Kader vun onse 50 Joer begréissen. All Detailer iwwert de Programm vun de Manifestatioune fannt Dir hei (klicken)
Aller Viraussiicht no wäert am Fréijoer eng intern Feier sinn, iwwer déi mir nach informéiere wäerten.

Merci fir Äert Versteesdemech!

Den Oekosoph feiert och mat op der offizieller Feier, an ass de Mëttwoch den 5. Dezember zou!