• Print Friendly


15.01.2016 Quizowend am Oekosoph: „waarm Käschten speciale“

No dem Succès vun der 1. Editioun vum Quizowend am Oktober, invitéiere mir op déi 2. Editioun.
Dir kënnt och dës Kéier Ärt Wëssen zu den all/on-méiglechsten Themen ënner Beweis stellen.
Fir de kulinaresche Volet, hu mer eis eppes ganz Spezielles ausgeduecht: selwergemaachte „waarm Käschten“.
Gespillt gëtt erëm a Gruppen (Gréisst vun de Gruppen hänkt vun den ageschriwwene Leit of), sou datt mir hoffen, datt sech d’Leit spontan a Gruppen
zesummefannen.
Wann dir Iech wëllt op de Quiz an op déi gestalte Froe virbereeden, da mengt alt! Kommt laanscht a probéiert ee vun de ville flotte Cadeau’en ofzestëbsen.
Aschreiwe kënnt dir Iech ab 18h00 sur place am Bistro (3 Euro). Um 19h00 fänke mir mam Quiz un. Duerfir, kommt laanscht op eise Quiz a léiert nei Leit kennen, stellt äert Wëssen ënner Beweis a verbréngt en flotten Owend.