Interessi a Loscht d’Aktivitéiten an d’Positioune vum Mouvement Ecologique fir d’Energietransitioun mat ze gestalten?
Da kommt an den Energiegrupp!
D’Positioune vum Mouvement Ecologique entstinn duerch den Austausch an d’Bedeelegung vun enger ganzer Réi vun interesséierte Leit. Dobäi spillen nieft dem Verwaltungsrot an dem direkten Austausch mat eise Memberen och eis thematesch Aarbechtsgruppen eng ganz wichteg Roll. Ënnerstëtzt ginn se och (jee no Thema) duerch haaptamtlech Leit vum Meco – se sinn och am Austausch mam Verwaltungsrot.
Wann Dir Iech fir d’Froe vun der Energietransitioun interesséiert, sief et am Allgemengen oder ganz speziell an engem bestëmmte Beräich, da sidd Dir richteg an eisem Energiegrupp. Et muss ee keen Expert sinn, mee e gewësst Grondverständnis am Energieberäich ass scho gutt, och wa jiddwereen innerhalb vum Grupp nach esou munches bäiléiert oder bäiléiere kann.
Wéi gesäit d’Aarbecht am Grupp aus?
Mir treffen eis jee no Aktualitéit eemol all 2-3 Méint, dëst kann awer och mol méi oder manner sinn, jee nodeem wat usteet. Den direkten Austausch am Grupp ass essenziell fir d’Theme kënnen ze diskutéieren an och ënnerschiddlech Positiounen an Argumenter kënnen ënnert d’Lupp ze huelen. Dotescht schaffe mir per Mail oder Zoom, wann et Neies ze ziele gëtt oder grad eng Stellungnam ausgeschafft gëtt.
Donieft läit eis awer och vill drun, datt de Grupp fir jiddwereen eng flott Erfarung ass a mir lee Wäert op d‘Convivialitéit. Sou ass et z.B. och méiglech zesummen en Ausfluch ze maache fir en interessante Site am Energieberäich kucken ze goen.
Grad elo stinn eng ganz Rei interessant Aktivitéiten un: Visitten awer och wichteg Dossieren, wéi d’Wärmeplanung a villes méi.
Wann dir Interessi hutt oder och einfach mol wëllt uklappe fir méi gewuer ze gin, mëllt Iech op energie@oeko.lu oder per Telefon op den 43 90 30-1





