Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Aussergewéinlech Doudesannonce

Mir hunn eis als Mouvement Ecologique – gemeinsam mat der « Association des biologistes luxembourgeois » an natur&ëmwelt – decidéiert en aussergewéinleche Wee ze goen, fir op dat weltwäit Arten- a Planzestierwen opmierksam ze maachen. Lëtzebuerg as dobäi keng Insel: och bei eis am Land stelle mir e massivt Aarten- a Planzestierwe fest, an och mir si net onschëlleg un dëser Entwécklung.

Wëllt Dir méi wëssen, da kuckt eran an eis rezent laber a räichhalteg illustréiert Publikatioun zum Thema: Über 1 Million Pflanzen- und Tierarten weltweit gefährdet. Nur ein Umdenken in  Gesellschaft und Wirtschaft kann den Zusammenbruch der Biodiversität verhindern – auch in Luxemburg.” (Link Broschür)

Hutt Dir och Interessi un enger Konferenz, da kommt laanscht den 12. Juni op eng Konferenz zum Thema Insektestierwen, mam engagéierte Buchautor Dr. Andreas H. Segerer:“Das grosse Insektensterben – was es bedeutet und was wir jetzt tun müssen” (Link Invitatioun Konferenz)

 

Fir weider Infoen, Ureegungen sti mir Iech natierlech zur Verfügung: meco@oeko.lu