Waasser-Excursioun (1/3): Wassererlebniszentrum Kaalber Millen organiséiert vu move. – déi Jonk am Méco

Karte nicht verfügbar

Datum/Zeit
Datum - 22/10/2021
21:00

Kategorien


Wat erwaart dech op der Excursioun?:

Déi éischt Excursioun vun eiser Excursiounsserie zum Thema “Waasser als Source vun all Liewen” féiert eis op d’Kaalber Mille wou de Waassererliefniszentrum vun Natur&Ëmwelt ass. Op der Mille kriss du d’Geleeënheet vir erauszefanne wat eigentlech alles an eise Flëss lieft, dëst andeems du eng Waasserprouf aus der Our hëls an se ënnert dem Stereomikroskop ënnersichs. Ausserdeem kriss du och eng Visitt vun der Muschelopzuuchtstatioun.

Dës Aktivitéit ass op maximal 8 Jonker beschränkt, dofir biede mir em eng Umeldung via Mail: move@oeko.lu

Treffpunkt ass um 15:00 beim Oekozenter Pafendall (6, rue Vauban / L-2663 Luxembourg), mir fueren vun do zesummen mam Minibus op Kaalber.

Wichteg Informatioun: Wgl. eppes Wiederfestes undoen a waasserfest Schung (bzw. Gummistiwwelen).